Den FC UNA an Trauer
30 July 2021
Haut war et déi traureg Noriicht dass eise Frënd den Robi Mastrogiacomi eis ganz onerwart am Alter vun 44 Joer fir ëmmer verlooss huet. Hien war laang Zäit Spiller, Jugendtrainer an Begleeder vun der 1. Equipe. Mir hun hien als ganz kollegialen an ëmmer hëllefsbereeten Mensch geschätzt. Mir wärten hien ëmmer a beschter Erënnerung halen an drécken senger Famill un deser Plaz aus eist opriichtegt Bäileed aus.