17. Spilldag an der BGL-Ligue:UNA mecht e weidere Schrëtt a Richtung Klassenerhalt


09 March 2020

Duerch e klore 5-1 Erfolleg bei der US Hueschtert konnt d'Una seng geséchert Plaz an der Mëtt vun der Tabell haalen. Et huet awer laang net no sou engem däitlechen Resultat ausgesin. An der Ufangsphase hat d'Una Problemer op dem ganz schwéier bespillbaren Terrain an de Match ze kommen.  Eréischt nom 0-1 duerch de Bernadelli gouf Spill vun de Gäscht besser. Am Ufank vun der 2. Halbzeit huet Heemequipe op den Ausgläich gedréckt, Una huet dogéint gehalen a konnt
sech lues a lues vum Drock befreien an den 0-2 duerch den Szimayer schéissen. Duerno huet d'Una näischt méi ubrenne gelooss an duerch Goaler vun Szimayer an 2 mol Runser op 0-5 erhéijen, iir Hueschtert an der Nospillzäit den Eiregoal gelongen ass.
US Hueschtert -  UNA 1-5 (0-1)