21. Spilldag an der BGL-Ligue: UNA klappt de Leader


13 March 2022

d'Una wënnt säin 1.Match an der Rëckronn an dat ausgerechnet géint den Tabellenéischten den Progrès vu Niederkuer. Obschon Heemequipe den gréissten Deel vum Match am Ballbesetz war, huet eis Equipe an den richtege Momenter zougeschloen an duerch eng grouss kämpferesch Leeschtung a mat e wéineg Gléck déi 3 Punkten mat op Stroossen geholl. Goaler fir Stroossen hun den Bernadelli (37') op Elefmeter an den Perez (63') geschoss.
Nächsten Sonndeg den 20 März um 16.00 Auer krit d'Una den Swift vun Hesper op Besuch.
ALLEZ UNA