3. Spilldag an der BGL-LIgue: Mondorf - UNA


21 August 2022

Fir de Kont vum 3. Spilldag muss d'UNA an Thermalstadt bei US Mondorf, d'Equipe vun eisem fréiren Trainer Manuel Correia. Zu Mondorf gouf et nach ëmmer hart emkämfte Mätcher wéi déi relativ ausgeglache Bilanz et beweist. Hoffen dass Una haut hiere gudden Optrëtt vum leschte Sonndeg konfirméire kann an déi 3 Punkten mat heem hëllt.
ALLEZ UNA
Bilanz BGL-Ligue Mondorf- UNA:
gewonn 2x, match nul 4x, verluer 1x, Goaldifferenz 12-8 zu Gonsten vun der UNA