3. Spilldag an der BGL-Ligue: UNA krit de ganzen Asatz zu Munneref


21 August 2022

Et war de gewinnt serréierten Match zu Munneref mat deem méi glécklechen Ënn fir d'UNA.
Eng ganz schwach UNA luch an der Paus verdéngt duerch e Goal vum Taarimete an der 21.' mat 1-0 hannen obschon d'Heemequipe ausser dem Goal kee kadréierten Schoss op de Këscht vum Koray hat. d'Una huet 2. Halschent séier op den Ausgläich gedréckt mee ass ëmmer nees um excellenten Kipper Machado vu Mondorf hänken bliwwen, mee och déi Munereffer haten hir Chancen an och hei huet de Koray all Kéier's prächteg reagéiert. Endlech war et dann esou wäit de Gautier Bernardelli konnt an der 80' mat engem schéinen Kappball op Fräistouss hin ausgläichen. Bei engem Konter an 87.' ass de Blaise Baillet nach um Machado hänken bliwwen mee de Brain Moding konnt de Ball am Noschoss erasetzen, domatt konnt d'Una de Match nach dréien an e glécklechen Erfolleg trotz turbulenten Szenzen an der NOspillzäit iwwert Zäit retten.
ALLEZ UNA
E Sonndeg um 16.00 Auer krit d'UNA de Swift Hesper op Besuch.