4. Spilldag an der BGL-Ligue: UNA krit säin 1. Punkt an der laafender Saison


20 September 2020

An engem hart emkämpfte Match gouf et en gerecht 2-2 Gläichspill téschent der UNA an dem Swift Hesper. Hesper koum besser an de Match mee mat der éischter Aktioun konnt de Siebenaler mat emgem Kappball op Fräistouss vum Lourenco de Ball an de Filet setzen. Duerno huet Hesper op den Ausgläich gedréckt, hat och en etlech Goalchancen haaptsächlech op unnéideg Ballverloschter vun der UNA. Mee och d'Heemequipe hat seng Chancen an de Joubert konnt duerch 2 gutt Paraden den 2-0 verhënneren. Sou goung et mat der 1-0 Féirung fir d'Una an Paus. An der 2. Halschent huet Hesper weider op den Ausgläich gedrëckt an deen sollt hiennen dann och duerch en ofgefälschte Schoss fir Léonil geléngen. Hesper hat duerno nach e puer kloer Goalchancen mee konnten déi awer net notzen. An der 75. Minute krut dunn den Prempeh vun Hesper déi rout Kaart. Kuerz drop geléngt der UNA e Goal duerch eng schéin Aktioun iwwer links vum Hayasaka deem seng Flank de Runser erasetzt mee den Assistent décidéiert onverständlecherweis op Abseits . Wéi et dat esou komme muss konnten Gäscht dann am Géigenzuch mat 2-1 a Féirung goen mat engem Goal vum agewiesselten Perez. Mee d'Una huet a kéngem Moment opgin an op den Ausgläich gedréckt dee sollt hinnen dat och an der Nospillzäit geléngen duerch en verwandelten Eelefmeter vum Runser nodeems de Lourenco am Stroofraum gefoult gouf.
Schlussresultat UNA-Swift Hesper 2-2 (1-0)