5. Spilldag BGL Ligue 2022-2023: UNA verléiert zu Diddeleng

Foto vun



04 September 2022

 d'UNA konnt dem Champion zwar laang Paroli bidden mee war um Ënn awer ouni Chance a verléiert verdéng mat 1-3. An der 1. Halschent konnt d'Una vun engem Feeler vum Diddelenger Keeper profitéiren an duerch de Babit mat 1-0 a Féirung goen, mee duerch en onéidegen Feeler vum Bernardelli op de Magno hun d'Hauhären op Elefter hin ausgeglach, Pausestand 1-1. Huet eis Equipe an der 1. Halschent e puer mol geféierlech gekontert ass der 2. Halschent ass vun där Säit net méi vill komm an déi Diddelenger Féirung war nëmmen eng Fro vun der Zäit, an der 67' konnt den Hadji den 2-1 markéiren, an an der 81' huet de Vova dann fir den Endstand gesuergt. Leider haten eis Leit hier Nerven net am Gréff an esou kruten den Babit (90+2) an den Bernardelli (90+5)
nach déi giel-rout Kaart gewisen.
Nächste Sonndeg krit d'UNA d'UN Käerjeng op Besuch a muss sech eppes afalen loossen fir net fréizäteg an den Ofstiegskampf verwéckelt ze gin
ALLEZ UNA