6. Spilldag an der BGL-Ligue: 1. Victoire fir d'UNA


27 September 2020

Duerch säin 3-0 Erfolleg géint US Mondorf kann d'Una net nëmmen séng 1. Victoire am Championnat feiren mee kann och déi lescht Tabelleplatz un d'Etzella Ettelbrëck ofgin.Déi éischt véirel Stonn hat déi op 5 Plazen ëmmodëlléiert Equipe vun der UNA immens Problemer an der Match ze kommen, e puer Fehlpassen an der Axe vun der Verteidegung hunn der US Mondorf erlabt zu puer gudden Goalchancen ze kommen mee glécklecherweis fir d'UNA konnten Gäischt kee Notzen duvunner zéien. No an no komm d'UNA besser an de Match mee virum Goal waren se net präsent genuch. En kloren Elefmeter hätt et an der 29. Minute missen fir d'UNA gin mee den Arbiter huet dat anescht gesin an huet dem Hayasaki giel fir Simulation eng giel Kaart gin??. An der 38' ass et der Una  dann awer gelongen a Féirung ze goen wéi de Szimayer eng schéi Pass vum Stulin an der laangen Eck era gesat huet. Kuerz virun der Paus konnt d'UNA de wichtegen 2-0 schéissen, den Bernardelli huet eng Flank vum Hayasaki eragekäppt.
No der Paus ass der Una séier den 3-0 duerch de Runser gelongen deen aus abseitsverdächteger Position eléng virum Munereffer Keeper keng Problemer hat de Ball an de Filet ze setzen. Duerno huet d'UNA probéiert de Match ze geréiren an déi Munnerefer hun ëmmer méi Iwwerwasser krit waren och e puer mol no um 3-1 drun mee déi Stroossener konnten dat mat enger bravoröser kämpferescher Leeschtung verhënneren, an haten esouguer an der lëschter Minute vun der Nospillzäit bal den 4-0 geschoss mee dem Runser säi Schoss ass ënnert Laat gaangen an erëm erausgesprongen, esou dass Lokalequipe verdéngt désen Match wënnt
UNA-Mondorf 3-0 (2-0)