7. Spilldag an der BGL-LIgue: UNA krit e Punkt zu Rouspert


18 September 2022

Um Camping zu Rousport koum d'Una zu engem glécklechen Punktgewënn. Den Koray am Goal huet duerch e puer sensationnel Paraden der UNA e Punkt gerett a kann doduerch Rouspert op 4 Punkten Distanz halen. d'Una war iwwert déi 90 Minuten offensiv inexistent an konnt sech kaum eng reëll Goalchance erausspillen. Et gëllt elo an der Lännerspillpaus déi bis elo duerchwuessen Leeschtungen vun der Equipe ze analiséiren an déi néideg Léiren draus ze zéien.
Nächste Match ass den 2. Oktober do get an der Coupe de Lokalderby géint den Nopper Bartréng
Allez UNA