8. Spilldag an der BGL-Ligue: d'UNA verschaft sech e besschen Loft am Ofstiegskampf


22 October 2020

Duerch en 3-2 (2-0) Erfolleg géint Hueschtert, krit d'Una ganz wichteg Punkten géint den Ofstieg. Obwuel de Match hätt kënne fréizäiteg entscheed sin, muss d'Una no enger 3-0 Féirung bis zum Schluss zidderen fir déi 3 Punkten doheem ze behalen. Et war en zimlech zerfuerenen Match mat wéineg Goalchancen wou d'Heemequipe awer déi besser Spillanlag gewisen huet an hat och no enger flotter Aktion den 4-1 um Fouss, mee dem Natami säin Schoss ass vum Potto erëm erausgesprong. d'UNA ass awer dunn nom Uschlussgoal vun de Gäscht an der 89. Minute ferm an schwammen komm an konnt nëmmen mat vill Gléck den Erfolleg iwert Zäit retten.
Nächste Sonndeg geet et op Rodange (16.00 Auer)
ALLEZ UNA

UNA-US Hostert 3-2 (2-0)
  6' 1-0 Zilli og
45' 2-0 Natami
55' 3-0 Runser
56' 3-1 Sully
89' 3-2 Yala Lusala