8. Spilldag an der BGL-Ligue: UNA klappt Wolz mat 4-3 (3-2)


10 October 2022

Duerch e Goal an 96' vum agewiesselten Nicolas Perez kann d'UNA de ganzen Asatz doheem halen. Et war e ganz géckechen Match an deem Gäscht schon no 26 Sekonnen a Féirung gaangen sin, do huet d'UNA-Ofwier nach geschloof. Mee glécklecherweis konnt Heemequipe an der 4' duerch den Baiverlin ausgläichen, an der 8' war dann den Tibor deen d'UNA mat 2-1 a Féirung gschoss huet an der 10' konnt de Baiverlin nach een drop sëtzen esou dass et no 10 Minuten 3-1 fir Stroossen stung. Leider huet Lokalequipe dunn zréckgeschrauwt an Wolz koum erëm zréck an de Match an konnt duerch en Eelefmeter op 3-2 verkierzen. Mat deem Resultat sollt et och an Paus goen. Nom Téi war et ganz zerfueren Match, Wolz huet op den Ausgläich gedrénkt an Stroossen huet kaum e anstännegen Spillzuch färdeg bruecht. Trotz enger giel/rouder Kaart an Ënnerzuel hun d'Gäscht an der 76' ausgeglach. Wéi all Mënsch sech op e gerecht Gläichspill agestallt hat sollt der UNA dann awer nach de lucky Punch duerch dee Fräistoussgoal an der 96' geléngen.
E Sonndeg muss d'UNA op Grenz bei Escher Jeunesse
ALLEZ UNA