9ten Spilldag an der BGL-Ligue: d'UNA verschénkt 2 Punkten zu Rodange


22 November 2020

An engem Match an deem UNA iwert déi 90 Minuten iwerleeë war, huet si se awer nëmmen 1 Punkt vu Rodange mat heem geholl an huet domatt den Sprong op déi 6. Tabelleplatz an an Mëttelfeld verpasst. Vun der 1. Minute un huet d'Una d'Heft an Hand geholl huet sech och Chancen erausgespillt mee de Rodanger Keeper den M'Fa huet mat e puer gudden Paraden seng Kescht proper gehalen. d'Heemequipe war just 2 mol op Konter geféierlech virun de Goal vum Czerkanowicz komm. An der 2. Halschent war de Match e besschen méi ausgeglach mee d'Una hat weiderin méi vum Spill et huet just um Ofschloss gefeelt. An der 61. Minute war dann esou wäit de Natami konnt erasetzen, d'UNA huet weider probéiert en 2. Goal ze schéissen mee déi Rodanger hun an der 84. Minute ausgeglach duerch e Freistouss vum N'Diaye, nodeems de Stroossener Goalkipp den Ball 2-mol noeneen opgetuppt hat.Duerno huet Stroossen nach op den 2-1 gedréckt mee e sollt awer beim Schlussresultat vun 1-1 bleiwen.