Interview mam Ruppi


29 April 2019

Gëscht doheem 2-4 verluer géint de Progrès, dir wort 2-0 vir mais déi rout Kaart virun der Paus wor ganz batter, wat sees du zum Match ?

Wanste 2-0 vir bas, dann ass et emmer blöd wanste nach als Verleirer vum Terrain gees. Dei ongleckleg rout Kaart war natirleg den Knackpunkt vun der Partie. Wann ma dei net kreien, dann sin ech ma secher dass mir den Match locker gewannen. Trotzdem fannen ech, dass mir awer een gudden Match gespillt hun an een vir den aneren gekämpft huet. Zum Schluss haaten mir suguer zu 9vs11 d’Chance den 3-3 ze scheissen an hätten och keinten een 11M kreien. Mais bon, sou ass dat eben am Fussball. Mir haaten lo eng Zaitchen d’Gleck op eiser Seit, an dei 2-3 lescht Matcher leider net mei. Lo zielt et rem gemeinsam opzesteoen an dei lescht Matcher ze wannen!

De Mëttwoch geet et op Rëmeleng, déi hunn lo beim F91 1 Punkt geholl, dat wärt och eng emkämpfte Partie ginn ?

Rëmleng krut lo 1 Punkt zu Diddleng an hätt den Match och baal gewonnen. Dat dierf een net vergiessen. Jiddereen huet dach schon geduet, dass Rëmeleng ofgestiegen ass, mais sou een Match brengt enger Equipe, dei an der Kriis ass, secherlech rem vill Selbstvertrauen an dovir erwarden ech mir den Mettwoch een gaanz haarden an schweiren Match. Et ass wahrscheinleg dei leschten Chance vir Rëmleng nach eventuel an den Barragematch ze kommen.

Wou wärt denger Meenung no, den FC UNA vum Enn vun der Saison an der Tabelle stoen ?

 

Um Pabeier hun mir amfong een relativ einfachen Schlussprogramm, mais et ged secherlech net einfach vir geint dei Equipen ze wannen dei elo geint den Ofstieg spillen. Wann zum Schluss eng 6ten Plaatz raussprengt, dann denken ech dass mir trotz schlechter Hinronn, eng gudd Saison gespillt hun.

 

Du bass schon puer Saisonen dobai, wéi gesait et fir nächst Saison aus ?

D’UNA ass main Club an ech sin dei nächst Saison och nach emmer hei. Ech hoffen dass mir d’Ekipp sou wei se elo ass beibehaalen an gezielt verstärken. Dovir wier et natirlech och ganz wichteg wann den Micka nach 1 Joer bei eis bleiwt. Mir brauchen heen als Ekipp an jiddereen wier traureg wann heen eis verleist. Mais sou wei ech heen kennen, wärt heen eis net am Stach loosen.

Merci Kevin