Interview mam Tom Siebenaler, Siebi


04 November 2019

Sali Tom, déng 1. Saison bei der UNA, no bal 10 Joer zu Déifferdeng, wat ass bis lo däin Androck vun dëser Saison an der Ekipp ?

Ech si wierklech positiv iwwerrascht vum Niveau vun der Equipe. Leider hate mir am Ufank vun der Saison e puer onglécklech Resultater, ech denken do un Déifferdeng & Ettelbréck wou mir mat e bëssen méi Cleverniss 1 bzw 3 Punkten hätte kéinten huelen zemools et direkt Konkurrente sinn. Mat de villen neien Spiller war et gewosst dass den Ufank net sou einfach wäert ginn, mëttlerweil gesait een awer dass sech d‘Equipe sou lues fonnt huet an dass Resultater och stemmen. Et ass vill Potenzial do, mais mir mussen all Match 100% ginn soss gëtt et géint all Equipe schwéier. Desweideren wat mir wierklech positiv opfält ass den Zesummenhalt vun der ganzer Equipe vun nr1. bis nr.25, jiddereen zitt um selwechten spranger!

 

2. Gëscht huet d'Ekipp en 3er géint de Racing erspillt an eng ganz staark Leeschtung gewisen, wat sees du zum Match ?

 Et war e wichtegen Match an demno och 3 wichtek Punkten fir eis. Secherlech waren dei 2 Goaler an der 1ter Halschtent den Haaptgrond fir Victoire. No ufängechen Problemer hu mir eis lues a lues an de Match eran gekämpft an och verdengt 2 Goaler geschoss. Dei 2te halschtent hu mir eis dann haaptsächlech op dei Defensiv Aarbescht konzentreiren dat dann och zum Gleck geklappt huet.

 

3. Nächste Sonnden ass Coupe zu Remëleng ugesot, dat gëtt secher net einfach. Mais wien weess, geet d'Coupe dëst Joer op Stroossen ?

wei ëmmer an der Coupe, ass all Match schwéier ze spillen. Mir mussen alles eraus huelen fir zu Rëmeleng ze iwwerstoen. Wa mir Coupe wëlle gewannen, mussen mir géint all Géigner gewannen.

Merci Tom an nach eng Kéier Gratulatioun un ganz Ekipp fir hir gutt Leeschtung gëscht Mëtten. 
Nächste rdv ass dann den Sonnden zu Rëmeleng fir 1/16 Finalen an der Coupe de Lëtzebuerg (16h00). Kommt d'Jongen ënnerstetzen, sou dass d'Aventure "Coupe" hoffentlech weider geet.
ALLEZ UNA

Photo: Albert Krier