Reprise vum Championnat 2020/21:Una verléiert säin Optaktmatch mat 0-2 zou Péiténg


23 August 2020

Fir den Ufank vum neie Championnat verléiert d'UNA virun knapp 35o Spectateuren verdéngt mat 0-2 géint d'UT Péiténg. Déi éischt Halschentt hu mer eng ganz schwach Una gesin a Péiténg luch verdéngt matt 2-0 a Féirung. An der 2. Halschent huet d'Una probéiert e besschen méi engagéiert ze spillen mee konnt de Géigner kaum a Bedrängnis bréngen ausser enger ganz kloer Geleegenheet, mee de agewiesselten Lopes huet de Ball just op Laat gesaat. Zum Schluss hätt Péiténg nach kënnen een oder deen aneren op Konter drop sëtzen, mee et ass schlussendlëch beim 2-0 bliwwen.
Fir e Sonndeg géint Nidderkuer (19.00 h) gët sech vun der UNA eng Steigerung erwart.
Leider sin eis fir deen Match nëmmen maximal 94 Sëtzplazen vun eisen Geméngeverantwortlechen erlaabt gin.