Saison 2022/23: Reprise vum Championnat


05 August 2022

Dëse Sonndeg, 07. August ass et erëm sowäit da fänkt de Championnat fir Saison 2022/23 erëm un. Eriwwer Phase vun de Präparatiounsmatcher elo mussen d'Equipen beweisen wat se drop hun.
Fir hiren éischten Championnatsmatch muss d'UNA bei d'Escher Fola op de Galgenbierg, wou fir eis Equipe nach selten, ausser e puer Gläichspiller, eppes ze huelen guef. An deenen 7 Saison'en wou d'UNA an der BGL-Ligue ass, hu mir 5 Mol verluer, 2 Mol gläich gespillt, Goalverhältnis 5-18.!!
Mir hoffen dass endlech de Knuet platzt an eis Equipe fir eng éischte Kéierden Terrain op der Fola als Gewënner verléist.
ALLEZ UNA