UNA ass nach um Liewen


18 March 2018

Mat engem 3-0 Erfolleg géint US Hueschtert konnt UNA 3 ganz wichteg Punkten géint den Ofstieg erspillen an leit elo nach just 1 Punkt hannert Rousport (am Moment Barragist). Bei eisegen Temperaturen hat UNA Problemer an de Match ze kommen mee huet no a no säin Trëtt fond an hätt kënnen  bei engem Kappball vum Runser a Féirung goen. An der 2. Halschent ass Hueschtert besser aus de Kabinen komm an hat Féirung e puer mol um Fouss. Dunn de Runser matt engem Flugkappball aus 6 Meter Una an der 62 Minute d'UNA a Féirung bruecht, deeselwechte Runser huet an der 68 Minute op Viraarbecht vum Schulz op 2-0 eréicht. De Schulz huet an der Noospillzäit op Zouspill vum Linn de Saack définitiv zou gemach.
ALLEZ UNA